Salut Jean-Paul,
Hei am Land gin et en puer Computer-Club'en.
Do kann een einfach an eng Versammlung goen an zb. eng Lëscht mathuelen,
waat een dann alles well kaafen fier den PC opzebauen.
Dei Leit do hëllefen gären fier der Rootschlei ze gin waats de kinns
aanescht machen an wous de dei Stecker kanns kaafen (Internet oder en
Buttek hei am Land).
Wanns de dann deng Stecker zesummenhues, kanns de dei an die nächst
Versammlung mathuelen an dei Leit hëllefen der dann fier deen
zesummenzebauen.
Meng Recommandatioun:
Master Computer Club Letzebuerg (
www.mccl.lu ) Ech konnt lo leider net
erausfannen weini dei nächst Versammlung ass.
Ech wor eng rei Joeren aktiv do an hoffen, dass deen Verain nach e
bessen aktiv ass :-)
Wanns de dorun interesseiert bass, kanns de jo probeieren per Email oder
Telefon Kontakt ophuelen.
Wanns de et ganz elleng wells machen, kanns de am Internet sichen no
enger Anleitung.
Ech hun hei zb. eng fonnt:
http://computer-aufbau.de/billig-pc-zusammenbauen-01/
Zu dengen Froen:
Gett et irgendwou eng Anleitung um Internet déi ech ka
benotzen
Siehe oben.
Op wat muss ech oppassen, wat kann dobäi schiefgoen?
Du kinns zb. deng nei Grafikskaart, Prozessor oder Motherboard futti
machen. Wat dann e bessen deier kinnt gin.
Woubai mettlerweilen de Risque relativ kleng ass fier eppes ze "femmen"...
Du muss oppassen, wous de deng Stecker keefs. Hun schon erliewt, dass se
engem wollten Stecker undreinen, dei net fonctionneieren.
Wéi eng Gefor gett et vir de Computer, vir mech oder
déi Persoun déi
spéider mam Computer schafft wann irgend eppes net rchteg gemaach gett?
Do kann
naischt gescheien. D'Netzdeel vum Computer gett jo jhust
Niederspannung aus, also eng Elektreschen choque kann een schon mol net
kreien.
Ansonsten muss een oppassen wann een am BIOS un den Spannungen an
Frequenzen vun der CPU oder Speicher ronderemfummelt fier en mei schnell
ze machen.
Do kinnten mat der Zeit onstabil gin. Mee wann een all d'Astellungen op
Automatesch stoen leisst, kann naischt gescheien.
mfg,
Michel Kohl