On 2012-11-03 16:00, Jean Paul Piazzolla wrote:
Gudde Metteg,
Hu Kubuntu 8.10 a beim Opstarte kennt fogende Message: Bios bug 8254
Kubuntu 8.10 ass mëttlerweilen schonn e bëssi al, wär et net mol
villäicht Zäit fir ee kléngen Upgrade.
Dat wäert zwar Krempes ginn, well 8.10 ass net mol eng LTS Versioun...
LTS (Long Term Support) sinn déi Versiounen déi nach méi laang
supportéiert ginn, dat sin déi mat enger gerueder Zuel virum Punkt, an
04 hannen. Also 8.04, 10.04, 12.04, ...
times not connected. Duerno geet et esou wéi bem
normalen Opstarten
weider an da geschidd näischt méi.
Hu schon e puer mol probéiert nei ze starten ouni Erfolleg.
Hunn och probéiert vun der CD ze startem dat geet och net.
Beim Googelen hunn ech de Feeler fonnt awer net verstan wat ze maachen
ass.
ech hunn och mol gegoogel, an trotz dem Tippfeeler eppes fonnt:
https://bugzilla.redhat.com/show_bug.cgi?id=698842
an duerno
http://crunchbang.org/forums/viewtopic.php?id=16359
Ass zwar fir Redhat, mä 't ass e Kernel Bug, also kann dat grad esou
gutt op Kubuntu zoutreffen.
Si schloen do fir mol mat der Optioun noapic ze booten.
Also, wéi de Michel och scho schreift, einfach beim Booten Shift drécken
an unhalen, bis de Grub menu kënnt, an dann mam Cursor op déi Zeil goen
déi ee wëll booten (net Return drécken!), dann 'e' drécken, déi Zeil
wielen déi "ro quiet splash" dran huet (oder eppes ähnleches), an dann
nach eng Kéier e drécken fir déi ze editéieren, an dann noapic
bäiflécken. Dann F10 oder Ctrl-x drécken fir ze booten.
Wann d'Maschinn dann mol bis héich ass kann een dee Parameter dann
definitif am /boot/grub/menu.lst oder /boot/grub/grub.cfg derbäi setzen
fir dat net musse bei all boot op der Hand maachen ze mussen.
Hat vläicht schon een de selwechte Problem a ka mir soe wat ze maachen
ass.
Villmols Merci
Jean-Paul Piazzolla
_______________________________________________
Lilux-help mailing list
Lilux-help(a)prophecy.lu
https://prophecy.lu/mailman/listinfo/lilux-help
Vill Spaass,
Alain