On 10/25/2012 02:15 PM, Jean Paul Piazzolla wrote:
Gudde Metteg alleguer,
Ech hu welles mir e Computer selwer zesummen ze bauen an duerno Kubuntu
drop ze installéieren. Virun e puer Méint hunn ech mir en neie kaaft
deen och ganz gudd funktionéiert. Elo well ech déi selwecht Deeler nach
emol kaafen an en zweete Computer zesummesätzen.
Firwat? Ganz einfach well ech et well léieren.
Ech hunn dat nach ni gemach an net vill Ahnung vu Computeren, kann awer
mat normalem Handwierkgeschier emgoen.
Elo meng Froen:
Gett et irgendwou eng Anleitung um Internet déi ech ka benotzen
Op wat muss ech oppassen, wat kann dobäi schiefgoen?
Wéi eng Gefor gett et vir de Computer, vir mech oder déi Persoun déi
spéider mam Computer schafft wann irgend eppes net rchteg gemaach gett?
Merci vir är Aentwert
Jean-Paul Piazzolla
_______________________________________________
Lilux-help mailing list
Lilux-help(a)prophecy.lu
https://prophecy.lu/mailman/listinfo/lilux-help Ech mengen net dat een do
hautesdags net méi vill ka léieren. Haut ass
et jhust nach e Motherboard wou schon alles drop ass. Et fehlt just e
Geheis mat Netzdeel (ATX), RAMen, an eng CPU. D'Astellungen sin haut all
am BIOS (keng Jumperen méi).
Wat kann een falsch machen?
Wann een eng Gebrauchsanweisung vum Motherboard ka liesen, net vill.
d'CPU kéint net genug gekillt sin an ze warm gin, et kéint een déi
falsch CPU geholl hun oder falsch RAMen. Et kéint een evtl eppes futti
machen wann een e Stecker falsch astecht, dat ass awer zimmlech
onwahrscheinlech, well se sou gemach sin dat et keen Kurzschluss get
oder dat se net passen, ausserdem ass dat um Ziedel vum Motherboard
einfach erklärt.
Ech ging der roden, wanns de eppes vun Microprozessoren wells léieren,
kaf der en Arduino oder eppes ähnleches (AVR Microcontroller), as net
esou deier. Oder huel den en Raspberry Pi a probéier do emol eppes domat
ze machen (z.B. verschidden Linuxen installéieren mat den GPIOen
Hardware usteieren etc.)
Onofhängeg dovun léiert een awer eppes iwwer Informatik wann een sech
méi intesnsiv mat Linux beschäftegt, do ging ech dann awer net Ubuntu
huelen, well dat ass ze einfach ze installéieren, mais en Linux vun
Grond op arichten ("linux from scratch") oder méi eng usprochsvoll
Distributioun wéi z.B. Gentoo. Et kann een Serveren ariichten, mat
Netzwierkprotokoller experimentéieren (z.B. mat gns3) asw.
Ech hoffen ech hun der e puer Iddien gin a wenschen der vill Spass!