Moïen,
Mir kënnen hëchstwahrscheinlech hellefen :-) ech géif ball "sëcher"
schreiwen, mé ët kann éen nie wëssen waat éen dann proposéiert.
Et ass allerdéngs éent vun eise But, déene Leit ze hellefen, déi wëllen
GNU/Linux ze gebrauchen.
Ech géif der rooden dech an eiser "Hëllef" Mailing Lëscht anzeschreiwen,
déi fënnst du ënner "http://www.linux.lu/mailman/listinfo/lilux-help"
Vill Gléck mam Linux :-)))
den Serge
On Sun, 2004-09-26 at 18:13, Roland Kaber wrote:
Léif linux.lu Responsabel
Main Numm ass Roland Kaber
Ech sin derbei eeschthaft driwer nozedenken fir vu Windows op Linux
emzeklammen, fille méch awer zimlech eleng. Kann är Organisatioun do
hellefen? Wa jo, wéi kann ech mech am beschten uléen fir Kontakt
opzehuelen. Ech denken àre Forum kéint hellefen, ech wär awer nach méi
interesséiert och emol eng lieweg Kontaktpersoun kennen ze treffen.
Themen wéi zum Beispill Linux op engen Notebook, di richtég Hardware
Konfiguratioun, zwee Betriebssystémer glaichzeitég op engem PC géif ech
gären verdéiwen. Wou kritt een zu Lëtzebuerg iwewrhapt a PC an Linux
ugebueden wär en aanert Thema.
Merci am Viraus
--
----------------------------------------------------------------------
Serge Marelli, Luxembourg
E-mail : serge.marelli(a)linux.lu
----------------------------------------------------------------------
LiLux -
http://www.lilux.lu/
Defending Innovation against Patent Inflation
http://swpat.ffii.org/
Free Software Foundation - http//www.fsf.org/