Hi,
I start to work in Luxemburg at the beginning of 2013. Can you recommend a
good provider for an UMTS stick, that is Linux friendly?[1]
I need coverage mostly in Luxemburg city and on the road from Remich to
Luxemburg.
If a mobile phone with tethering is the best solution, I am interested in
that as well.
[1] An example of a non-Linux friendly company in Germany: stick is prepaid
and works fine, but to charge your prepaid account, you need a Windows
software.
Thanks
Thomas
Gudde Mëtteg Jean-Paul,
daat heiert sech jo baal no engem Hardware-Problem un.
Loss emol en Memory Test laafen.
Do gett et en Tool "MemTest86+"
Kuck emol, wanns de SHIFT gedreckt hälls beim Booten, dann misst de och
eng Optioun "MemTest" kinnten eraussichen.
Falls de en do net fenns, kanns de en erooflueden.
http://www.memtest.org/#downiso
Do kanns de eng ISO eroflueden, fier en op eng CD ze brennen, oder eng
.EXE mat därs de en enner Windows op en USB Stick installeieren kanns.
Dann dovunner booten an mol kucken wat dobai erauskennt.
Mfg,
Michel
On 04.11.12 10:40, Jean Paul Piazzolla wrote:
> Moie Michel,
>
> villmols merci vir deng Aentwert.
>
> De Computer ass elo ongeféier 5 Joer al an emmer mat Kubuntu gelaaf.
>
> Virun ongeféier zwou Wochen huet meng Sekretärin gesot, dat de Computer
> heiandsdo einfach ausgeet. Duerno ass en iwerhapt net méi ugaang,
> einfach näischt.
>
> Well ech einfach mol well wessen wéi esou eppes opgebaut ass hunn ech
> mol e puer Videoen am Internet iwer d'Tehema Computer bauen ugekuckt, de
> Computer auserneegbaut, alles gebotzt an erem zesummegabaut.
>
> Geschter goung en op jiddefall mol net méi vun selwen aus, mais ass och
> net opgestart well de Feeler koum.
> Wor och an dem Schierm vum Recoverymode, hu mech awer dunn net getraut
> eppes ze maachen.
> Op jidde Fall hunn ech och iergendee Message gesinn wou eppes vun engem
> Problem mat der CPU stoung.
>
> Hunn elo grad nach emol gestart, leeft un, awer de Schierm bleiwt
> schwaarz.
>
> Mat beschte Gréiss
>
> Jean-Paul Piazzolla
>
>
> On Sat, 2012-11-03 at 16:15 +0100, Michel Kohl wrote:
>> Hallo,
>>
>> dee Message muss net onbedengt eppes mam Problem ze din hun.
>>
>> - ass deen PC schon mol mam Kubuntu gangen?
>> - Waat ass dann um Schiirm, wann et net mei weider geht?
>> - Haal mol den Shift op der Tastatur gedreckt wanns de den PC unmess.
>> Dann kriss de en puer Optiounen, wou och eng "Recovery" Optioun
>> sollt dobai sin.
>> Hei gett en evtl. mei Infoen iwert den Problem eraus.
>>
>> Mfg,
>> Michel
>>
>>
>> On 03.11.12 16:00, Jean Paul Piazzolla wrote:
>>> Gudde Metteg,
>>>
>>> Hu Kubuntu 8.10 a beim Opstarte kennt fogende Message: Bios bug 8254
>>> times not connected. Duerno geet et esou wéi bem normalen Opstarten
>>> weider an da geschidd näischt méi.
>>>
>>> Hu schon e puer mol probéiert nei ze starten ouni Erfolleg.
>>>
>>> Hunn och probéiert vun der CD ze startem dat geet och net.
>>>
>>> Beim Googelen hunn ech de Feeler fonnt awer net verstan wat ze maachen
>>> ass.
>>>
>>> Hat vläicht schon een de selwechte Problem a ka mir soe wat ze maachen
>>> ass.
>>>
>>> Villmols Merci
>>>
>>> Jean-Paul Piazzolla
>>>
>>> _______________________________________________
>>> Lilux-help mailing list
>>> Lilux-help(a)prophecy.lu
>>> https://prophecy.lu/mailman/listinfo/lilux-help
>
>
Gudde Metteg,
Hu Kubuntu 8.10 a beim Opstarte kennt fogende Message: Bios bug 8254
times not connected. Duerno geet et esou wéi bem normalen Opstarten
weider an da geschidd näischt méi.
Hu schon e puer mol probéiert nei ze starten ouni Erfolleg.
Hunn och probéiert vun der CD ze startem dat geet och net.
Beim Googelen hunn ech de Feeler fonnt awer net verstan wat ze maachen
ass.
Hat vläicht schon een de selwechte Problem a ka mir soe wat ze maachen
ass.
Villmols Merci
Jean-Paul Piazzolla